Trauerwee asbl

1, rue de l'École

L-3764 Tétange
Luxembourg
tél.: +352 691 337 317 - info@trauerwee.lu

© Trauerwee asbl

created by Ben Ehlinger

  • Facebook - Black Circle

Trauerwee: Eng Plaatz wou d’Kanner erëm laachen léieren!

Viru bal 1 Joer ass ons als Elteren an Geschwëster, dat Schlëmmst geschitt wat een sech virstellen kann. Dunn huet eisem klengen Björn säin Häerz am Alter vu nëmmen 6 Méint ganz onerwaart opgehalen mat schloen. D’Welt huet dee Moment opgehalen mat dréinen. Näischt war méi wéi virdrun. Mir als Erwuessener hunn eis verluer gefillt an där Zäit. Wei eréischt mussen sech eis Kanner an där Zäit gefillt hunn.

 

Eisen Alldag huet bestanen aus Trauer an aus Tréinen. Mir waren eise Kanner an där Zäit keng grouss Hëllef. Ënnerstëtzung hunn den Tommi an d’Asta duerch den „Trauerwee” erfuer, wou si d’Méiglechkeet haten sech mat aner Kanner auszetauschen. Awer och nees laache geleiert hunn ouni e schlecht Gewëssen ze hunn. Den Trauerwee ass nach ëmmer eng Zäit wou si gären zréck denken an wou si och nach ëmmer gären wëllkomm sinn.

 

Mir soe Merci dass et iech gëtt „Trauerwee”!

 

 

Tommi (9 Joër), Asta (7 Joër), Orn a Carole

 

Please reload